Fongen ënnert der Tutelle vun der CSSF

D’Fonds d’investissement spécialisés gi laut dem Artikel 43 vum Gesetz vun 13te Februar 2007 vun der CSSF an enger Lëscht zesumme gefaasst. Am Fall, wou ee Fong opfälleg gëtt an d’CSSF Douten huet par Rapport zu der Honorabilitéit, kann de Fong vun der Lëscht geholl an ënnert Tutelle vun der CSSF gestallt ginn. Dee Moment muss, bei all Paiement vum Fong, den zoustännegen Agent bei der CSSF informéiert ginn an och säin Accord ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister Detailer doriwwer ginn, wéi dës Prozedur am Alldag bei der CSSF gehandhaabt gëtt? Wi eng Agenten, bzw. Servicer agéieren an dëser Prozedur, wat fir Demanden ginn ugeholl oder ofgeleehnt?

  2. Wéi vill Fonge goufen an deene leschte 5 Joer ënnert Tutelle gestallt?  • An wéi vill Fäll gouf Tutelle opgehuewen an de Fonds d’investissement opgeléist? • An wéi vill Fäll gouf Tutelle opgehuewen, ouni dass de Fonds d’investissement opgeléist gouf? • Wéi laang stoungen dës Fongen an der Moyenne ënnert der Tutelle vun der CSSF?

  3. Wéi vill Fonge stinn am Moment ënnert der Tutelle vun der CSSF?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5135

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt