Fonds de compensation

An de Rapports annuels vun dem Fonds de compensation kann een ënnert anerem och d’Entwécklung vun den „prêts hypothécaires aux particuliers” novollzéien. Esou ass am Rapport vum leschte Joer ze liesen, dass Enn 2023 nach 313 Prête bei engem Taux vun 1.75% aktiv sinn, déi insgesamt nach 8.5 Milliounen Euro wäert sinn. Och ass ze liesen, dass de Volume u Prête konstant erofgeet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kënnt et dozou, dass sech Prête vu Particulieren am Fonds de compensation erëmfannen?

  2. No wéi enge Krittäre ginn dës Prêten ausgewielt an/oder opkaf? 

  3. No wéi enge Krittäre ginn déi applizéiert Zënssätz festgeluecht a wéi ass de groussen Ënnerscheed zu den aktuell um Marché applizéierten Zënssätz ze erklären?

  4. Wei positionéiert sech de Ministère zu der beschriwwener Entwécklung vun der Unzuel u Prêten? Wéi gesäit hei déi kuerzfristeg a laangfristeg Strategie aus? Ass e konstante Renouvellement geplangt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1044

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene