Déménagement vu Flüchtlingen aus der Luxexpo

 
De 5ten Abrëll huet den Här Bausseminister matgedeelt, dass déi geflüchte Persounen aus der Ukrain déi bis dohin an der Hal 7 vun der Luxexpo ënnerbruecht waren, missten aus dëser erausplënneren, an dass fir si eng Zeltstruktur um Kierchbierg géing opgebaut ginn. Wéi de Quotidien haut am Artikel “Réfugiés : le hall 7 rendu à Luxexpo pour l’International Dog Show” matdeelt, ass op mannst ee vun de Grënn, aus deem d’Leit deplacéiert goufen ass, dass dëse Weekend an den Hale vun der Luxexpo d'”Dogshow” stattfënnt. Een Event wat an der Vergaangenheet schonn duerch Déieremësshandlungen opgefall ass.
  1. Laut Quotidien huet den Ausseministère folgendermoossen dozou Stellung geholl: “[Il] n’a pas été possible de maintenir le hall 7 en tant que structure de primo-accueil d’urgence au-delà du 11 avril, eu égard à différents engagements souscrits de longue date par les exploitants de la Luxexpo.” Kann de Minister bestätegen, dass d'”international Dogshow” ee vun deenen Evenementer ass, déi d’Luxeexpo als Grond fir den Deplacement uginn huet?
  2. Steet de Ministère weiderhin a Kontakt mat der Luxexpo fir dës Halen zu engem spéideren Zäitpunkt eng weider Kéier ze lounen?
  3. Wéi steet de Minister dozou, dass hei ronn 300 Leit deplacéiert ginn, fir eng Dogshow?
Fro n°6062  

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt