Wéi eng Wäerter vertrëtt de Lëtzebuerger Fussball (FLF)?

D’Geschicht huet awer ëmmer nees gewisen, dass Sport a Politik net getrennt vuneneen existéieren. De Sport gëtt direkt an indirekt duerch Steiergelder finanzéiert. Aus dësem Grond ass et och logesch, dass am Sport gesellschaftlech Wäerter, wéi zum Beispill Respekt, gelieft an héich gehalen solle ginn.

Am Mäerz 2024 ass ee Fussballspiller vun der Lëtzebuerger Nationalequipe zu 18 Méint Prisong mat Bewärung an enger Geldstrof verurteelt ginn, ënnert Anerem, well hien seng fréier Partnerin geschloen huet. Dëse Spiller gouf fir d’Nationalequipe nominéiert, wat an der Ëffentlechkeet aktuell fir vill Diskussiounen suergt, well mer vu gesellschaftleche Wäerter an och dem Respekt viru Frae schwätzen schwätzen. Ee Journalist gouf elo rezent, an dësem Zesummenhang, explizit vun der FLF vun engem Pressemeeting ausgeschloss.

Verschidden Deputéierten aus de verschiddenste Parteien, och der DP, der Partei vun der Ministesch fir Gläichheet tëschent de Geschlechter, hunn an de soziale Medien ëffentlech Stellung zum Verhalen vun der FLF an hirem Nationaltrainer bezunn, grad wat de Respekt viru Frae souwéi Affer vu Gewalt ugeet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt de Sportminister, dass no dëse Faiten den Nationaltrainer vun der Nationalequipe nach haltbar ass?

  2. Fannen d’Ministeren, dass d’FLF mat deem aktuellen Optriede gesellschaftlech Wäerter, wéi Respekt, Schutz vun Affer vu Gewalt, Respekt viru Fraen, Demokratie a Pressefräiheet respektéiert?

  3. Wäerten de Sportminister oder aner Regierungsmemberen an nächster Zäit bei Sportsevenementer oder Präisiwwerreechungen am Lëtzebuerger Fussball dobäi sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2413

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene