Firwat stëmmen d’Piraten de 6. Mee géint den CETA? Hei kënnt Dir eis Positioun noliesen.
D‘Piraten stëmmen géint den CETA-Accord. Dat aus méi Grënn:
- Der Decisioun vun der Chamber, den CETA a Krisenzäiten, ënner Ausschloss vun der Zivilgesellschaft an wärend engem Demonstratiounsverbuet ze stëmmen;
- Bedenken am Bezuch op d‘méiglecht Ënnergruewen vun sozialen an ëmwelttechneschen Standarden;
- De gerechtfäerdegten Bedenken säitens de Baueren a Wënzer;
- Dem ekologeschen Footprint vum CETA;
- Der ontransparenter Manéier, wéi den CETA verhandelt ginn ass;
- Dem Modell vun de Schiidsgeriichter (ICS‘en).
Et ass ontransparent, abusiv an ondemokratesch, eng Ofstëmmung, wéi déi iwwert den CETA an Zäiten vun engem Etat de Crise, ënnert Ausschloss vun der Zivilgesellschaft an an Zäiten vun engem ageschränkten Demonstratiounsrecht, ofzehalen. D’Piraten hunn dofir an der leschter Chamberssitzung dofir plaidéiert, den Ordre du Jour esou ofzeänneren, datt den CETA nom Etat de Crise, ënner normale Konditiounen, kann an der Plenière diskutéiert ginn. Leider ouni Succès.
D‘Piraten hunn Bedenken, ob et méiglech wäert sinn eis laang erkämpften Sozial- an Ëmweltstandarden kënnen oprecht ze erhalen. Och wat d‘Landwirtschaft, Véizuucht an de Wäibau betrëfft, suergen sech d‘Piraten ëm Kompetitivitéit vun den europäesche Betriber. Doriwwer eraus, wäert den CETA zu enger considerabelen Hausse un Emissiounen féieren, wat mir als nohalteg Partei an eiser politescher Zilsetzung prinzipiell ze evitéieren sichen.
D’Piraten leenen doriwwer eraus och déi ontransparent Manéier ënnert där den CETA-Accord verhandelt gouf of.
Fir d‘Piraten stellen déi sougenannten Schiidsgeriichter e wesentleche Problem vum Accord duer. Dës Tribunaler ginn engem egalitären Accès zu der Justiz net gerecht. Am CETA-Accord gouf den fréieren ISDS (Investor-State Dispute Settlement) duerch deen vun den ICS’en (Investment Court System) ersat. Dëse System soll méi effektiv, méi fair a méi transparent sinn. D’Cour de Justice de l’Union européenne huet gewëss festgehalen, datt d’Investitiounsgeriichtsbarkeet, déi am CETA festgehalen ass, konform mat den europäeschen Verträg ass. D’Cour hält awer och fest, datt den Accès zu esou Geriichtsbarkeeten grouss finanziell Ressourcen viraussetzt. Domat sinn zum Beispill kleng- oder mëttelstänneg Betriber ausgeschloss. Dëst ass fir d’Piraten inakzeptabel.
Mir plaidéieren dofir, ofzewaarden, bis d’Verhandlungen um Niveau vun der UN, em een multilateraalt Investissements-Tribunal, kuerz MIC, ofgeschloss sinn, ier een Accord wéi den CETA beschloss gëtt. D‘Schiidsgeriichter mussen deemno och Dispositiounen virgesinn, déi et klengen a mëttelstännegen Entreprisen erlaben, hir Rechter virun engem Tribunal anzekloen, dat ouni mussen iwwert massiv finanziell Ressourcen ze verfügen.
D’Pirate wäerten deemno géint den CETA-Accord stëmmen.