ACCOUNT

Firwat muss ee beim FNS eng lëtzebuergesch Kontosnummer hannerléeën?

Vill Mënschen hunn hautzedaags Konten online op net-lëtzebuergesche Banken, wat duerch d’Prinzippie vun der Verkéiersfräiheet vu Kapital a Commerce een onëmstriddent Recht ass, och fir Lëtzebuerger Residenten. 

Mir gouf vu vertrauleche Quellen zougedroen, dass de Fonds National de Solidarité (FNS) keng Kontosnummeren akzeptéiert, déi net lëtzebuergesch sinn an och mol dann net, wann dës europäesch sinn. Mir leit ee Bréif vir, an deem kloer ervirgeet, dass den FNS eng lëtzebuergesch Kontosnummer fir den Traitement vum Dossier freet. 

Vulnerabel Persounen, déi op Leeschtungen, wéi de REVIS oder de Revenu pour personnes gravement handicapées (RPGH), ugewise sinn, gi vum FNS opgefuerdert eng lëtzebuergesch Kontosnummer virzeleeën, ansonste géif hiren Dossier net weider traitéiert ginn. 

Allerdéngs gëtt et kee Grond, d’Mënsche wéinst der Origine vun enger Kontosnummer an der Prozedur ze blockéieren, wann u sech all gesetzlech Bedingungen erfëllt sinn, fir d’Indemnitéiten ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng gesetzlech Basis gesäit vir, dass ee fir d’Demande vum RPGH oder REVIS ausschliisslech eng lëtzebuergesch Kontosnummer muss hannerloossen?
    Falls dës legal Basis existéiert, huet d’Ministesch keng Zweiwel, dass dës Dispositioun am Konflikt zu den europäesche Reegelen vum fräie Bannemaart ass?

  2. Wäert den FNS weider un där Reegel festhalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7445


Zesummenhang posts

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande
Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung
Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit