Fir méi wéi 9 Milliounen Euro: Ee vun de Big Four soll bei der Gestioun vun der Covid-Kris hëllefen

Lëtzebuerg hat ënnert der folgender Deskriptioun eng Ausschreiwung gemaach:
“La direction de la santé souhaite sélectionner un ou plusieurs opérateurs économiques pour fournir un support de gouvernance et un support méthodologique, opérationnel et administratif (en étroite collaboration avec les équipes de la Direction de la santé et du Haut-Commissariat à la protection nationale) dans toutes les étapes du projet de vaccination contre le Covid-19, dont particulièrement la gestion opérationnelle des campagnes de vaccination, des centres de vaccination et des équipes mobiles, ainsi que la mise en place et l’opération d’une helpline vaccination.”

Den 23. Februar gouf public, wéi eng Entreprisen no der Ausschreiwung Luxembourg-Luxembourg: Project management consultancy services 2021/S 037-093027 e Kontrakt mat der Lëtzebuerger Regierung ofschléisse konnten.

De Kontrakt mat der Nummer 2002094 a mam Titel “Équipe coordination” goung un ee vun de Big Four an ëmfaasst eng Zomme vun 835’100 EUR.

De Kontrakt mat der Nummer 00002 a mam Titel “Helpline vaccination” goung ënnert anerem och un ee vun de Big Four an ëmfaasst eng Zomme vun 8’957’465 EUR.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat waren d’Krittären, no deenen d’Regierung dës Entreprisen ausgewielt huet?
    Duerch wéi eng Offer/Kompetenzen hunn d’Entreprisen, déi gewielt goufen, iwwerzeegt?

  2. Wéi verdeelen sech d’Käschte vum Projet “Equipe coordination”?
    Wéi eng Tâchë goufe mat wéi vill Euro berechent, fir op eng Gesamtzomm vun iwwer 800’000 Euro ze kommen?

  3. Wéi verdeelen sech d’Käschte vum Projet “Helpline vaccination”?
    Wéi eng Tâchë goufe mat wéi vill Euro berechent, fir op eng Gesamtzomm vu bal 9 Milliounen Euro fir eng Hotline ze kommen?

Fro n°3723

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene