Fir méi Transparenz a Saache Covid-Vaccin Kafverträg

D’Pirate froen Asiicht an d’Covid-Vaccin Kafverträg !

Laut engem Interview tëscht der franséischer Radiostatioun France Inter an dem Clément Beaune, Secrétaire d’État aux Affaires européennes, huet Frankräich Accès zu de Kafverträg vun der EU mat den Covid-Impfstoff-Hiersteller fir seng Deputéiert ugefrot. Am ganzen huet d’EU-Kommissioun bis elo 6 dëser Verträg ofgeschloss.

“À notre demande, la Commission européenne a autorisé les parlementaires à regarder les contrats, avec des clauses de confidentialité. Ces prix ont circulé, on a demandé aussi à ce que de toute façon ils soient donnés dans les prochains jours et qu’il y ait une évaluation indépendante, extérieure, qui puisse nous dire si c’est un prix juste et raisonnable. Ne fantasmons pas, ne cassons pas des contrats.”

Fir méi Transparenz a Saache Vaccin zu Lëtzebuerg ze schafen, fuerdert d’Sensibilité Politique Piraten, dass och déi lëtzebuergesch Deputéiert, zu de selwechte Konditiounen wéi déi franséich Deputéiert, Accès zu dëse Kafverträg kréien.

De 27.01 huet de Chamberspresident elo ee Bréif un de Premier an un d’Kommissiounspresidentin Von der Leyen geschéckt an dem d’Chamber Accès zu de Verträg freet.

Mir hoffen dass déi Zoustänneg dëser Demande séier nokomme wäerten.

Noddems keng Reaktioun op dëse Bréif koum, hunn d’Piraten eng weider Demande un de Chamberspresident geriicht:

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt