Fir méi Solaranlagen op staatleche Gebaier

Rezent Zuelen, déi d’Regierung a parlamentaresche Froe virgeluecht huet, weisen, dass den Ausbau vu Solaranlagen op ëffentleche Gebaier net weiderkënnt. Am Joer 2019 krute mer geäntwert, dass 38 weider Anlage geplangt sinn. Dovunner sinn, bal 3 Joer drop, mol nach net d’Hallschent installéiert. An deem Tempo dauert et nach Joerzéngten, bis de Staat prett ass. Mir Piraten fuerdere méi Tempo hei.

Hei ass deng Text vun eiser Propose an der Chamber:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass Lëtzebuerg sech am Kader vum Weltklimaofkommes vu Paräis verflicht huet, fir d’Äerderwiermung ënnert 2°C, préférablement bei 1,5°C ze halen;
  • Dass de Staat mam gudde Beispill muss virgoen, wat de Kampf géint de Klimawandel ugeet;
  • Dass an der Äntwert op d’Fro 5500 vun dem Energieminister an dem Minister fir ëffentlech Aarbechten erkläert gouf, “am Moment sinn op 40 Gebaier vun der Verwaltung fir ëffentlech Baute Photovoltaikanlagen installéiert an 19 Gebaier hunn Solarthermieanlagen, wat un der Unzuel vun de Gebaier ongeféier 4 % vum ronn 1’500 Gebaier grousse Patrimoine vun der Verwaltung entsprécht.”;
  • Dass am Geoportail (Cadastre potentiel solaire) festgehalen ass, wou Potential fir zukünfteg Solaranlage besteet;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. all d’Diecher vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten, do wou et méiglech ass, bis 2030 mat enger Solaranlag aus ze statten.

Dës Motioun gouf mat de Stëmmen vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent. D’Adr huet sech enthaalen.

https://piraten.luenergieeffizienz-wei-vill-solaranlage-ginn-et-op-staatleche-gebaier/

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene