Fir eng Verëffentlechung vun de Pressekonferenze mat de Froe vun de Journalisten

Context:Projet 7768

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass d’Regierung an hirem Koalitiounsaccord festgehalen huet : “il sera veillé au maintien d’un service public dans les médias audiovisuels qui réponde aux standards les plus élevés en ce qui concerne la qualité des programmes et de l’information”;
  • dass d’Regierung an hirem Koalitiounsaccord festgehalen huet : “afin de permettre le traitement dans les meilleurs délais des requêtes journalistiques et de garantir les flux d’informations, les moyens nécessaires seront mis en œuvre en étroite collaboration avec le Conseil de presse et les associations professionnelles des journalistes”;
  • Biergerinnen a Bierger ee Recht hunn op all d’Informatiounen déi wärend de Pressekonferenze matgedeelt ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Pressekonferenze vun all de Regierungsmemberen, mat all de Froe vun de Journalisten a Journalistinnen an den Äntwerte vum Minister oder der Ministesch, op den offizielle Kanäl vun der Regierung ze verëffentlechen

 

D’Motioun gouf mat de Stëmmen vun der Majoritéit ofgeleent. E puer Deeg drop goufen d’Pressekonferenzen awer erëm mat de Froen verëffentlecht.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen