Fir eng Fusiounskontroll

Context:

Projet de loi 7479B

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass d’Konkurrenzautoritéit 2022 mam Projet de loi 7479A zu engem Établissement public ginn ass an d’Méiglechkeet kritt huet, fir sech an Dossieren s’autosaiséieren; 
  • Dass et an eisen Nopeschlänner scho verschidde Versioune vun enger Konzentratiounskontroll (contrôle de concentration) gëtt. Zum Beispill a Frankräich huet déi zoustänneg Autoritéit d’Méiglechkeet de betraffene Firmen Ännerungen an hirer Fusioun ze imposéieren ;
  • Dass op EU-Niveau eréischt eng Konzentratiounskontroll gemaach gëtt, wann de gesamten Ëmsaz, dee vun alle betraffene Firmae gemaach gouf, méi wéi 5 Milliarden Euro betrëfft an den Ëmsaz, deen an op mannst 3 EU-Länner gemaach gouf, méi wéi 250 Milliounen Euro betrëfft, esoufern keng vun de betraffene Firmae méi wéi zwee Drëttel vun hirem gesamten Ëmsaz an der EU an engem eenzege Land mécht.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. eng Gesetzespropos auszeschaffen, fir dass d’Konkurrenzautoritéit sech an Zukunft autosaiséieren an eng Konzentratiounskontroll ex-ante hei zu Lëtzebuerg kann duerchféieren.
     

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt