Fir ee bessere Schutz vu Jonken bei den Zigaretten

Context:

Heure d’actualité n°4253 : Incohérence des politiques en matière de santé et de prix des produits de tabac

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Nikotinproduiten falen zu Lëtzebuerg net ënner d’Anti-Tubaks Gesetz ;
  • Den Nikotin ass ee staark wierksaamt Gëft, dat ganz séier ofhängeg mécht ;
  • Als Grënn firwat Jugendlecher fëmmen, schreift d’Fondation Cancer:
    • “Peer-Drock: Fëmmen gëtt als cool ugesinn, a Jugendlecher fillen de Besoin fir zu enger Grupp ze gehéieren; aus Angscht ausgeschloss ze ginn, maachen se wat all déi aner maachen.
    • De Besoin fir Reegelen ze briechen.
    • Virwëtz iwwer nei Erfarungen; Probéiert/léiert nei Saache kennen.
    • Initiatiounsritual fir d’Erwuessene Liewen anzegoen – fir ze weisen datt se elo Erwuessener sinn, imitéieren se Erwuessener a beweisen domat hir Onofhängegkeet.
    • Fir Gewiicht an / oder Appetit ze reguléieren – Zigarette si bekannt als Appetit-Suppressanten.
    • Fir Entspanung: Verschidde jonk Leit erliewen d’Pubertéit als eng ganz stresseg Phase voller Selbstzweiwel. 
    • Fir mat Ären Idoler z’identifizéieren”
  • An engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 18te Mäerz 2024 gëtt de Gesondheetsministère esou zitéiert:

    „Die Verbreitung der Nikotinbeutel kann zu Gesundheitsrisiken führen.“ Deshalb habe die Regierung beschlossen, einen gesetzlichen Rahmen zu schaffen, um diese neuen Produkte zu regulieren. Als präventive Maßnahme soll die künftige Regulierung „die schädlichen Auswirkungen so weit wie möglich minimieren“.

     

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. De Verkaf vun Nikotinproduiten ewéi zum Beispill Nikotinsäckelcher u Mannerjäreger ze verbidden ;
  2. Méi streng Kontrolle bei de Verkafsstellen ëmzesetzen, déi Tubaksproduite verkafen, fir sécherzestellen, datt Jonker dës Produiten net verkaaft kréien an d’Gesetz vum 13te Juni 2017 respektéiert gëtt.
     

Eis Motioun ass an d’Chamberskommissioun verwise ginn wou se hoffentlech séier behandelt gëtt. 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene