Finanziell Hëllefe fir d’Lëtzebuerger Literatur

Iwwert guichet.lu kënnen Auteuren an Illustrateuren déi ee Buch publizéiert hunn, eng Prime à la publication d’une création littéraire ufroen.  Am Rapport d’activité vum Fonds culturel national fir d’Joer 2020 kann een d’Aiden an d’Subventiounen noliesen déi dat Joer, ënnert anerem, u Projeten aus de Beräicher Musek, Theater a Literatur gaange sinn. Am Beräich Literatur goufen 2020 34 Projete mat ronn 103’000€ ënnerstëtzt. 2019 ware 36 Projete mat ronn 92’000€ ënnerstëtzt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat war den héchste Montant un Aiden a Subventiounen deen 2020 un ee Projet am Beräich Literatur gaangen ass? Wat war den niddregsten?

  2. Op Basis vu wéi enge Krittäre gëtt entscheet, wéi héich d’Subventioune fir déi eenzel Projete sinn?

  3. Kann d’Ministesch Zuele gi wéi héisch d’Oplage vun den eenzele literaresche Wierker waren, déi 2020 ënnerstëtzt goufen?

  4. Vun der Prime à la publication d’une création littéraire kënnen Auteuren déi eng Iwwersetzung oder een historescht Wierk publizéiert hunn, net profitéieren. Kënnen dës Auteure vun aneren staatlechen Hëllefe profitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4819

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt