Context:Mesures Covid-19
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- dass d’Gesondheetsministesch den 23.10.2020 an enger Pressekonferenz gesot huet, dass eng “Beschränkung op dat Wesentlecht” virum Hannergrond vun de steigenden COVID-19-Infektiounszuele elo wichteg wier;
- dass de Premierminister an der Pressekonferenz vum 23.10.2020 betount huet, dass d'”Interaktioun tëschent de Leit muss esou kleng wéi méiglech bleiwen”;
- dass vill Leit besuergt sinn ëm hier Gesondheet an ëm déi vun hire Léifsten an dofir hier Deplacementer a Kontakter aschränken, fir esou zu enger Baisse vum Infektiounstaux bäizedroen;
- dass vill Independanten ëmmer nach schwéier mat de Konsequenze vum Lockdown ze kämpfen hunn, an duerch déi rezent Demande säitens der Regierung, sech op dat Wesentlecht ze beschränken, elo nach emol riskéiere wärend mindestens engem Mount manner Clienten an/oder Opträg ze hunn;
- dass d’Regierung sech am Koalitiounaccord d’Ziel gesat huet, “Menschen, die von Armut und sozialer Ausgrenzung bedroht sind, mit den erforderlichen Ressourcen auszustatten, damit sie in vollem Umfang am wirtschaftlichen, sozialen und kulturellen Leben teilnehmen können;
- dass Avancen a Kreditter zwar kennen hëllefen aktuell finanziell Enkpäss ze iwwerbrécken, se an Zukunft awer zu enger grousser Belaaschtung fir d’Keese vun den Independante kenne ginn. Virun allem, well net kloer ass, wéi laang d’Pandemie nach wirtschaftlech Repercussioune wäert hunn.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- Esou laang et wéinst dem COVID-19 Mesure ginn, déi en Afloss op d’Consommatiounsverhalen vun de Bierger hunn, zousätzlech zu den existéierenden Ënnerstëtzunge, finanziell Hëllefe fir Independanten auszeschëdden, déi net wäerte rembourséiert musse ginn.