Finanziell Engpäss am Sportsecteur

De Sportsecteur ka vu staatleche finanziellen Hëllefe profitéieren. Eng Rei Federatiounen an Organisme bedaueren zurzäit awer, dass déi staatlech Gelder, mat deene geplangt gouf, Verspéidung hunn. Weder d’Sue vum 2. Decompte vun 2023 sollen iwwerwise gi sinn, nach d’Avance säit Januar 2024. Obwuel viraus ze gesi war, dass iwwert en Douzième provisoires Budget gefuer géif ginn, steet de Sportsecteur, wou Paie bezuelt a lafend Käschte gedeckt musse ginn, aktuell dowéinst ënnert engem onerwaarte finanziellen Drock.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Firwat koum et zu de Verzögerunge beim Ausbezuele vun den Aiden a wat gëtt gemaach, fir de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen?
  • Bis wéini kann de Secteur mam Ausbezuele vun de Sue vum 2. Decompte vun 2023 rechnen?
  • Bis wéini kann de Secteur mam Ausbezuele vun de Sue vun den Avancë fir 2024 rechnen? 

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt