Wéini kënnt en dann, den digitalen Steierziedel?

Am Budgetsgesetz 2021 gouf festgehalen, datt d’Prozedur vun der Fiche de retenue d’impôt ab 2021 digitaliséiert gëtt. Am Artikel 3, Paragraf 8, steet

(3b) L’administration des contributions directes est également habilitée à mettre la fiche de retenue d’impôt du salarié sous forme électronique à la disposition de l’employeur.

Weider steet am folgende Punkt c), dass de Fonctionnement vun dëser Dispositioun duerch groussherzoglech Reglementer wäert gereegelt ginn. Zum haitegen Zäitpunkt ass zu dëser Dispositioun awer nach keen entspriechende Reglement ze fannen.

Wéi mir opgefall ass, kruten elo, Ufank dës Joers, eng sëllege Biergerinnen a Bierger ëmmer nach eng Fiche de retenue d’impôt iwwert de Postwee an a Papeierform vum Steieramt zougeschéckt, déi si dann no der aler Prozedur beim Patron mussen ofginn.

Dofir hu mir dem Finanzminister dës Froe gestallt:

  1. Ab wéini wäert déi digital Prozedur vun der Fiche de retenue d’impôt realiséiert ginn?
  2. Gëtt d’Ëmsetzung nach dëst Joer an Etappe gemaach oder gëtt vun engem Moment op deen aneren all Fiche iwwert den digitale Wee verschéckt?

Bildquell: https://impotsdirects.public.lu/fr/salpens/fiche.html

Fro Nummer 3484

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene