FFP2, KN95 oder N95? Iwwert d’Sécherheet an d’Disponibilitéit vu Schutzmasken

D’europäesch Unioun huet mam Standard EN 149 Krittäre fir Otemschutzmasken um EU-Maart festgeluecht. Leider koum et an der Vergaangenheet ëmmer nees dozou, dass Maskenhiersteller vun der aktueller Noutsituatioun profitéiert a Produiten an Europa an zu Lëtzebuerg verkaaft hunn, déi den europäeschen Normen net entsprach hunn. Eng ganz Rei Masken, déi der Verpackung no als FFP2-, N95- oder KN95-Mask mam entspriechende Filterpotential gekennzeechent waren, sinn an uschléissenden Tester duerchgefall, well se d’Standarde vun den europäeschen Normen net erfëlle konnten. Zousätzlech erschwéiert d’Differenzéierung tëscht Masken, déi dem FFP2-Standard entspriechen, mee net fir en Asaz am medezinesch Beräich gëeegent sinn, an FFP2-Masken, déi souwuel an der Industrie ewéi och am professionelle medezinesche Beräich zum Asaz komme kennen, de Konsumenten de Choix vum richtege Produit.Och de Lëtzebuerger Staat hat an de vergaangene Méint Bestellunge vu Masken ze verzeechnen, déi net den europäesche Standarden entsprach hunn.

An deem Zesummenhang hu mir de Ministeren dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Masken (chirurgesch Masken an FFP2/KN95/N95 oder aanerer, opgeschlësselt no der Aart vu Mask), déi de lëtzebuerger Staat kaf huet, waren net konform mat den europäesche Standarden?
  • Wéi vill Masken (chirurgesch Masken an FFP2/KN95/N95 oder aanerer, opgeschlësselt no der Aart vu Mask), déi de lëtzebuerger Staat kaf huet, goufen u Professioneller a Privatleit verdeelt an hunn am Nachhinein mussen zeréck geruff ginn, well sech erausgestallt huet, dass d’Masken net konform waren?Falls dës Masken u bestëmmte Beruffsgruppe verdeelt goufen: Wéi eng Beruffsgruppe ware betraff?
  • Wéi iwwerpréift d’Regierung, ob d’Masken (chirurgesch Masken an FFP2/KN95/N95 oder aanerer), déi si Kaf huet, den europäesche Standarde fir en Asaz am medezinesche Beräich entspriechen?
  • Ass et richteg, dass zu Lëtzebuerg just nach FFP2-Masken a keng KN95- oder N95-Maske méi verkaf däerfe gi fir den Asaz am medezinesche Beräich?
  • Stinn de Professionellen aus dem Beräich vun der Santé aktuell genuch FFP2-Masken zur Verfügung, déi den europäeschen Norme fir en Asaz am medezinesche Beräich entspriechen?Falls net: Denkt d’Regierung driwwer no Masken, déi zwar net als FFP2-Maske gekennzeechent sinn, mee konform zu den EN-Norme sinn, fir en Asaz am medezinesche Beräich zouzeloossen (Beispillsweis KN95-Maske mat enger EN14683 Kennzeechnung)?
  • Wéi probéiert de Ministère fir Konsumenteschutz, Persounen, déi sech wëlle Maske kafen, fir sech virum COVID-19 ze schützen, viru Verkeefer mat mangelhafte Produiten ze protegéieren?

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter