Fënsteren an der Schoul

Den Educatiounsministère huet a sengem Plang fir d’Schouljoer 2020-2021 festgehalen, dass d’Stousslëften an alle Schoulen am Land muss gemaach ginn, fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen. Deemools sot de Minister
“qu’aussi longtemps que les conditions météorologiques le permettront, les fenêtres et les portes devront être ouvertes de manière permanente. ”

Et ginn awer Schoulen, wou d’Léierpersonal aus verschiddene Grënn, d’Fënsteren net grouss opmaache kann, entweder wëll d’Fënsteren nëmme kënne gekippt ginn oder wëll d’Personal d’Schlësselen enthale gi fir se opzemaachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Solle déi Klassesäll, an deenen d’Léierpersonal net stouss lëfte kann, weiderhi benotzt ginn?

  2. Wat fir Alternative sinn do fir déi Klassesäll, an deenen net ka gelëft ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3641

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene