Feelt et un Insulin Stock?

Eisen Informatiounen no ass et nach ëmmer schwiereg fir Diabetes Patienten, fir ëmmer un hir néideg Medikamenter ze kommen. Dëst läit zum Deel um Mëttel Ozempic, wat fir Zockerpatienten entwéckelt gouf, mee mëttlerweil ee weltwäiten Hype als Ofhuelwonnermëttel kritt huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit et momentan aus, wat de Stock u Medikamenter ugeet, déi Zockerpatiente brauchen?

  2. An der Äntwert op d’Fro 94 huet d’Ministesch gesot, datt schnell een Arrêté ministeriell kéim, fir de Verbrauch vum Ozempic op Diabetes Typ II Patienten anzeschränken. Ass dësen Arrêté scho verëffentlecht ginn? Wa jo, wéini? Wat fir Schrëtt si geplangt no deene 6 Méint, déi den Arrêté sollt gülteg sinn?

  3. An der Äntwert op d’Fro 600 huet d’Ministesch erkläert: “D’Division de la Pharmacie et des Médicaments vun der Gesondheetsdirektioun huet am Januar 2022 e Comité de pilotage an d’Liewe geruff dee sech mat der Ausschaffung vun engem nationale Plang fir d’Gestioun vun den Indisponibilitéite vu Medikamenter an aner Gesondheetsproduits beschäftegt. Ee vun den Aarbechtsgruppe widmet sech dem Thema Kontingentéierung.”
    Wat fir Resultater oder Rapporten huet dëse Comité mëttlerweil ausgeschafft?
    Wéi oft huet sech de Comité de pilotage gesinn? Wéi oft d’Aarbechtsgruppen?

  4. An der Äntwert op d’Fro 508 huet d’Ministesch dann och erkläert: “Le programme de travail 2024 prévoit également une collaboration pour « PharmaStatut », système de collecte et de notification des données relatives à la disponibilité des médicaments.”
    Wéi wäit sinn d’Aarbechten un sou enger Datebank fir d’Bierger mëttlerweil fortgeschratt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 859

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene