Feelen Medikamenter an den Apdikten – Nofro

Zu Lëtzebuerg koum et an der Vergaangenheet schonn zu Enkpäss bei der Liwwerung vu verschiddene Medikamenter. Aktuell soll dëse Problem sech widderhuelen. D’Ruptures de stock kënnen dozou féieren, dass Dokteren hire Patienten Alternative musse verschreiwen. Alternativen, déi se de Patiente jo an enger éischter Phase net wollten als Behandlungsmethod virschloen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn dem Gesondheetsministère Fäll vu Ruptures de stock an den Apdikte bekannt? Falls jo ëm wéi vill Zorte vu Medikamenter handelt et sech momentan?
  2. Bei wéi ville Medikamenter koum et an deene leschte 6 Méint zu Ruptures de stock?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6997

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen