D’Piraten hunn dem Minister fir Kommunikatioun a Medien eng parlamentaresch Fro gestallt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
Nach ëmmer setze vill ëffentlech Verwaltungen op Fax als Alternativ zur Bréifpost, fir Dokumenter ze verschécken oder ze kréien. Dëst virun allem well de Fax eng Bestätegung iwwert d’Receptioun verschéckt an domadder eng “valeur probante” ausstellt. Den europäeschen eIDAS Reglement, deen e qualifizéierte Recommandé op elektroneschem Wee virgesäit, hätt de Gebrauch vum Fax allerdéngs scho säit Jore kéinte reduzéieren. Grad virum Hannergrond vun der Äntwert vum Här Minister op meng parlamentaresch Fro N° 60, datt iwwert 50% vun allen Telefonsleitungen haut IP-baséiert sinn, schéngt de Fax keen adequat Kommunikatiounsmëttel fir Verwaltunge méi ze sinn, well de Reglement vun der ILR vum 9. August 2017 jo festleet, datt et keng Garantie fir de Fonctionnement vu Fax op engem IP-Reseau gëtt oder muss ginn.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wéi vill Operateuren erlaben et haut zu Lëtzebuerg en elektronesche Recommandé, wéi am eIDAS-Reglement virgesinn, fortzeschécken? Wéi vill dovunner erlaben en “envoi recommandé électronique qualifié”?
- Ass de Minister der Meenung, datt en Online-Service, wéi z. B. myGuichet, fir all Verwaltungen en Dokument mat “accusé de réception” ausstelle kéint, fir de Fax am Beräich vun der Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger an noer Zukunft ofzeléisen?
- Vue datt VOIP-Leitungen haut nach net gekennzeechent musse ginn, wéi wëll de Minister garantéieren, datt Leit, déi op de Fax ugewise si fir administrativ Demarchen ze maachen, dësen op hirer Leitung och notze kënnen? Oder bleift dëse Persounen just dee méi luese Postwee?
- Geséit de Minister eng Opportunitéit fir zu Lëtzebuerg Alternativen zum Fax ze etabléieren an esou eng obsolet Technologie an d’Pensioun ze schécken?
- Wéi vill Administratioune kennen haut een elektronesche Recommandé, wéi am eIDAS-Reglement virgesinn, unhuelen? Wou verëffentlechen d’Verwaltungen dës Kontaktméiglechkeet?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député