Falsche Mesure Katalog vun der Regierung géint Drogekriminalitéit

Den 22ten Oktober huet d’lëtzebuergesch Regierung ee Mesürekatalog géint Kriminalitéit an Zesummenhang mat Droge virgestallt. Dëse Katalog ëmfaasst 27 Punkten, awer kaum nei Mesuren. D’Ministere verstoppen sech hei hannert dem nationalen Drogenaktiounsplang, deen 2020 agefouert gouf. De Konsum vu Cannabis soll net, wéi am Koalitiounsaccord versprach, legaliséiert ginn. 
Dëse Mesurëpak ass fir eis Piraten absolut enttäuschend an net méi wéi al Pläng, déi erëm nei verpackt.

Laut dem Mesurëpak vun der Regierung, soll de Cannabisubau mat bis zu 4 Planzen doheem erlaabt, de Besetz awer weiderhi strofbar bleiwen. Nëmme bei Quantitéiten ënnert 3 Gramm soll de Bierger manner staark gestrooft ginn. An den Ae vun eis Piraten dréit dës Mini-Mesure net zou enger Entlaaschtung vun der Police bäi, nach wäert se Lëtzebuerg am Kampf géint den Verkaf vun Drogen um Schwaarzmaart weiderhëllefen.

D’Regierung setzt och weiderhinn léiwer op invasiv an ineffektiv Moossnahmen, wéi d’Kameraiwwerwaachung, déi all d’Biergerinnen a Bierger ënnert Grondverdacht stellt, wéi sech wierklech mat der Kriminalitéit ronderëm den Drogekonsum ze beschäftegen. Hei schéngen verschidden Mesuren vun der CSV iwwerholl, an eng Law and Order Politik promovéiert ze ginn.

Fir eis Piraten geet dës Politik dee komplett falsche Wee. D’Piratepartei fuerdert nach ëmmer eng komplett Legaliséierung vum Cannabis fir den Eegekonsum fir Volljäreger. Nëmmen esou brénge mir d’Kriminaliséierung vun de Cannabis-Konsumenten op een Enn ze bréngen an entlaaschten eis Police.

D’Problematik vum Drogekonsum erschléisst sech aus dem Abus vu süchteg-maachende Substanze – e Problem net vun der Justiz, ma vum Gesondheetssystem. Eng konsequent Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht ass de Grondstee vun enger moderner Drogepolitik.

D’Piratenspriecherin Rebecca Lau seet dozou:

Mir begréissen d’Mesuren, déi am Santésberäich virgesi sinn. Mee vun de 15 ugekënnegte Mesurë waren der 6 schonn am nationalen Drogeprävensiounsplang vun 2020 virgesinn. Hei ginn also scho beschlosse Mesuren als Neiegkeete presentéiert. Eng Aewëscherei, déi mir Piraten esou net kënne stoe loossen.”

D’Piraten wënschen sech méi couragéiert Moossnamen am Kampf géint d’Sucht. Moossnamen, déi op konsequenter Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht baséieren, de Betraffenen esou vill wéi méiglech Hëllef ubidden an de Cannabiskonsum net weider verdäiwelen!

Zesummenhang posts

Fir d’Sécherheet an eiser Gesellschaft ze garantéieren, brauch et ee staarke Rechtsstaat. Ee staarke Rechtstaat bedeit, dass Strofdoten erkannt, verfollegt a sanktionnéiert ginn. De
Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land