Expositioun vun doudegen Déieren am Casino-Lëtzebuerg?

An engem Bréif freet de Marc Goergen de Casino Lëtzebuerg ëm Informatioune ronderëm eng Konschtausstellung, an där scheinbar doudeg Déieren ausgestallt sinn.

Betreff: Expositioun vun doudegen Déieren am Casino-Lëtzebuerg

Déi Dammen an Hären,

d’Zeitung L’essentiel beriicht an engem Artikel vum 8te Mäerz iwwert eng Konschtausstellung vun der Madamm Jung beriicht, déi an de Gebailechkeeten vum Casino-Lëtzebuerg ze gesinn ass.

Op dëser Ausstellung fannen sech eng sëllegen Konschtartikelen, déi, wéi op Fotoen z’erkennen ass, aus Déierekadavere bestinn.

Ech wollt an dem Zesummenhang den Aussteller gäre froen, ob et sech bäi den Ausstellungsstécker ëm richteg Déieren – respektiv Déierekadaveren – handelt. Falls jo:

  • Ëm wéi eng Déieren handelt et sech?
  • Vu wou kommen dës Déieren?
  • Wéi ass de Message vun der Kënschtlerin an dem Kontext ze verstoen? Wéi eng Roll spillen d’Déierekadaveren an dësem fräien Konschtkonzept a wat fir ee Message wëll d’Kënschtlerin dem Observateur mat op de Wee ginn?

 Ech géif mech op eng Réckmeldung Ärerseits freeën.

Mat frëndleche Gréiss,
Marc Goergen

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt