Export vun Elektroautoen

D’Regierung huet Ännerungen ugekënnegt bei der Primm fir Elektroautoen. An Zukunft soll een d’Primm nëmmen nach kréien, wann een den Auto mindestens dräi Joer laang nom Kaf hält. Domadder soll bewierkt ginn, dass d’Autoe méi laang am Lëtzebuerger Fuerpark bleiwen an net esou schnell an d’Ausland kënne verkaf ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Elektroautoe sinn tëschent 2018 an 2023 (opgelëscht pro Joer) hei am Land kaf ginn?

  2. Wéi vill Elektroautoe sinn tëschent 2018 an 2023 (opgelëscht pro Joer) hei am Land immatrikuléiert ginn?

  3. Wéi vill Elektroautoe goufen tëschent 2018 an 2023 hei am Land kaf an am Ausland immatrikuléiert?

  4. Wéi vill Elektroautoen goufen tëschent 2018 an 2023 hei am Land immatrikuléiert an duerno an d‘Ausland verkaf an immatrikuléiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 928

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen