Expo Dubai 2020

A fréiere parlamentaresche Froen hunn ech mech bei den zoustännege Ministeren iwwer de Sënn an de Käschtepunkt vun der Weltausstellung zu Dubai informéiert. Virun der Coronakris war rieds, datt d’Weltausstellung ronn 32 Milliounen Euro géif kaschten an de Pavillon, deen opgebaut gëtt, no der Ausstellung erëm wäert ofgerappt a verschrott ginn. 

D’Ministeren hunn an hiren Äntwerten hier Positioun kloer gemaach, firwat si trotz alle Kriticke weiderhin um Pavillon festhalen. Elo, duerch d’Coronapandemie gouf d’Weltausstellung allerdéngs ofgesot an op ee spéideren Datum verluecht. Et ass awer unzehuelen, datt di lafend Käschte vum Projet (Indemnitéite vun der Generalkommissärin a Beamten aus anere Ministèren) wäerte weiderlafen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn an deenen 32 Millioune Käschten och d’Indemnitéite vun der Generalkommissärin an de Beamten aus de Ministèrë matagerechent? Wéi géif de Budget ausgesinn, wann déi Depense matagerechent géife ginn?

  2. An der Äntwert op d’Fro n°647 haten d’Ministere geäntwert, datt tëschent 2017 an 2019 keng Ausgabe fir Personal beim GIE virgesi waren an zu deem Moment nach keen Aarbechtskontrakt beim GIE existéiert huet. Goufen dëst Joer Aarbechtskontrakter ofgeschloss a schonns honoréiert a falls jo, wéi vill Suen huet dat kascht? Lafen d’Kontrakter an deem Fall bis d’nächst Joer weider? 

  3. Wäert de Pavillon 2021 nach ëmmer 32 Milliounen Euro kaschten oder méi deier ginn? Falls dat Lescht zoutrëfft, wéi vill méi déier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2803

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen