Explosioun zu Beirut – wäert eis Regierung dem Libanon zur Säit stoen?

Zu Beirut sinn 100 Mënschen no enger Explosioun vun enger Lagerhal ëm d’Liewe komm. Weider 4000 Mënsche goufe verletzt. D’Land ass am Ausnamezoustand an d’Situatioun ass, de Berichter vu verschiddene Medien no, katastrophal.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert d’lëtzebuergesch Regierung dem Libanon an iergendenger Form hëllefen? Falls jo, wat gëtt gemaach?
QP Nummer 2626
1 Comment
Schiltz Roland · 05/08/2020 at 19:25
Ech an meng Fraa an eis ganz Famill am Libanon, soen der Pirate Partei an der Regierung perséinlech villmols merci,
fier är Ennerstetzung , fier daat Leed, daat villen onschellengen Menschen am Libanon geschitt ass……Villmols merci