Exotesch Déieren zu Lëtzebuerg

Den 12ten Juni gouf um RTL driwwer bericht, dass bei Konsdref e Känguru fortgelaf ass. Den 13ten Juni gouf um RTL den Artikel aktualiséiert an d’Veterinärsinspektioun koum zu Wuert. Laut der Veterinärsinspektioun wier zu Lëtzebuerg bis ewell nach ni eng Autorisatioun, fir e Känguru ze halen, ausgestallt ginn. Weider heescht et: “Am Kader vum Déiereschutzgesetz gëtt et eng positiv Lëscht vun Déieren, déi een däerf halen. Do sinn dann och Konditioune festgesat. Wann awer elo een en Déier onbedéngt wëll halen, wat net op där positiver Lëscht steet, da brauch en dofir eng Autorisatioun vum Minister”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir wat fir eng exotesch Déiere goufe bis elo esou Autorisatiounen u Privatpersoune vum Ministère ausgestallt?

  2. Ëm wéi vill Déieren handelt et sech heibäi jeeweils opgelëscht no Aart?

  3. A wéi ville Fäll gouf eng Autorisatioun refuséiert a fir wat fir eng Déiere war dat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 896

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen