Evenementer mat auslännesche Staatsvertrieder wärend dem Walkampf

Am Virfeld vun de Chamberwalen 2018 hat de Premier de franséische President Macron, den deemolege belsche Premier Michel an den hollännesche Premier Rutte op Lëtzebuerg invitéiert. Mam franséische President gouf de 6ten September 2018, dann och een Evenement an der Philharmonie organiséiert. De franséische President grad ewéi de Premier gehéieren der Fraktioun vun de liberale Parteien an der EU un.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt de Premier, och dëst Joer erëm een Evenement mam franséische President ze organiséieren?
    • Wa jo, wéini soll dëst stattfannen a wat soll de Sujet vun dësem Evenement sinn?

  2. Kann de Premier garantéieren, dass Evenementer mat auslännesche Staatsvertrieder net fir Walkampfzwecker genotzt wäerte ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7846

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt