Am Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 gouf festgehalen, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum Plang géif gemaach ginn. Konkret heescht et am Dokument:
“Afin de garantir la bonne mise en œuvre du présent plan d’action, un comité interministériel LGBTI sera créé, sous la présidence du Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région. Ce comité aura pour mission le suivi de l’implémentation du présent plan, une évaluation régulière de ses objectifs et actions, ainsi que la proposition de nouvelles priorités, objectifs et actions. Un bilan intermédiaire externe aura lieu après trois ans, suivi d’une évaluation externe après cinq ans. Le comité pourra se faire aider dans ses tâches par des experts, notamment les institutions des droits humains, les représentants de la société civile ou des experts par expérience.”
Am neie Koalitiounsaccord steet dann och, dass d’Regierung de plan d’action national LGBTI+ adaptéiere wëll.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Goufen 2021 an 2023, esou wéi et geplangt war, extern Evaluatiounen an Optrag ginn?
-
Wien huet den Optrag/ d’Opträg erhalen, wéi vill hunn se kascht a wou sinn d’Aarbechten un den externen Evaluatiounen drun?
-
Sinn d’Resultater vun den/der Evaluatioun(en) der Regierung schonns iwwermëttelt ginn?
Falls jo: Kann d’Regierung d’Haaptresultater skizzéieren an oplëschten, wéi eng Gelder konkret fir d’Ëmsetzung vum Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ ausgi goufen an u wien se gaange sinn?
-
Sinn d’Resultater vun den/der Evaluatioun(en) ganz oder deelweis ëffentlech zougänglech?
Falls jo: Wou?
Falls nee: Firwat net?
-
Wéi eng Projeten/Mesuren wäerten 2024 am Kader vum Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ ëmgesat oder ënnerstëtzt ginn?
Kann d’Regierung scho soen, wéi eng Gelder 2024 konkret an d’Ëmsetzung vum Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ sollen investéiert ginn an u wien se wäerte goen?
QP Nummer 100