Evaluatioun vu Gesetzer aus dem Finanzberäich

D’Evaluatioun vu Gesetzer ass e wichtegt Instrument fir d’Effektivitéit an d’Effizienz vun eise Gesetzer ze iwwerpréiwen an ze verbesseren. An Däitschland gëtt et zum Beispill eng Prozedur fir Steiergesetzer ze evaluéieren. A Lëtzebuerg hu mir eng Traditioun fir Motiounen ze stëmmen, déi d’Regierung dozou opfuerderen, Gesetzer no enger gewësser Zäit ze evaluéieren. Virun dësem Hannergrond stellen sech Froen iwwert eis Praxis bei Gesetzer, déi de Budget oder steierlech Froen impaktéieren.

  1. Wéi eng Gesetzer aus dem Finanzberäich goufen an de leschte 5 Joer evaluéiert a wéi eng Resultater hunn dës Evaluatioune bruecht?
  2. Gëtt et eng systematesch Prozedur fir Finanz- a Steiergesetzer no enger gewësser Zäit ze evaluéieren? Wann jo, wéi gesäit dës aus?
  3. Wéi eng Krittäre ginn ugewannt fir ze entscheeden ob e Gesetz am Finanzberäich evaluéiert soll ginn?
  4. Gëtt et Pläng fir d’Evaluatiounspraxis am Finanzberäich ze verstäerken oder ze verbesseren? Wann jo, wéi gesinn dës Pläng aus?
  5. Wéi gëtt d’Transparenz vun den Evaluatiounsresultater am Finanzberäich sécher gestallt? Ginn d’Resultater  der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt