D’Regierung huet sech am Koalitiounsaccord d’Zil gesat, Lëtzebuerg e Pandemiesgesetz ze ginn. D’Ausschaffe vun esou engem Gesetz erfuerdert natierlech eng Analys vun der vergaangener Covid-Kris, fir doraus ze léieren an eventuell Feeler net ze widderhuelen. Eng ganz Rei Elementer aus der Covid-Pandemie sollten dofir consideréiert ginn, wéi z.B. den Akaf vun Impfstoffer oder d’Aart a Weis an d’Inhalter vun der Gesetzgebung, mee och de Personalmanagement – well ouni Mataarbechter:innen, déi all Dag hiert Bescht ginn hunn, hätt d’Pandemie nimools esou kënnen duerchgestane ginn, wéi et de Fall war.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Plangt d’Regierung eng detailléiert (extern) Evaluatioun maachen ze loosse vun der Covid-Kris virum Finaliséiere vum neie Pandemiesgesetz?
Falls jo: Wéi eng Elementer wäerten analyséiert ginn?
Falls nee: Wéi gëtt garantéiert, dass sech Feeler net widderhuelen? -
Ass der neier Ministesch bekannt, wéi de Personalmanagement beim Large Scale Testing (LST) ofgelaf ass?
• Wéi waren d’Aarbechtskonditioune vun de kuerzfristeg agestallte Mataarbechter:innen? Goufe Befrounge vun den Employé(e)ë gemaach (oder sinn der geplangt) fir hier Meenungen a Verbesserungsvirschléi ze ermëttelen?
• Wéi vill Persoune waren insgesamt fir den LST agestallt ginn?
Wéi vill Persoune waren an der leschter Phas virum Stopp vum LST nach agestallt?
• Sinn d’Kontrakter vun den Employé(e)ën nom Stopp vum LST nach weider gelaf oder krut d’Personal kuerzfristeg gekënnegt?
Falls d’Kontrakter weider gelaf sinn: Wéi laang goufen d’Leit weider beschäftegt, wou goufen se agesat a wéi e Montant u Salairë gouf fir des Phase nom LST ausbezuelt?
• Op wéi ee Montant belafen sech d’Personalkäschte fir den LST insgesamt? -
Ass der neier Ministesch bekannt, wéi de Personalmanagement an der Spideeler ofgelaf ass?
Wéi waren d’Aarbechtskonditioune vun de Mataarbechter:innen? Goufe Befrounge vun den Employé(e)ë gemaach (oder sinn der geplangt) fir hier Meenungen a Verbesserungsvirschléi ze ermëttelen? -
Ass der neier Ministesch bekannt, wéi de Personalmanagement bei de vu staatlecher Säit aus ugebuedenen Hotlinen ofgelaf ass?
• Wéi waren d’Aarbechtskonditioune vun de kuerzfristeg agestallte Mataarbechter:innen? Goufe Befrounge vun den Employé(e)ë gemaach (oder sinn der geplangt) fir hier Meenungen a Verbesserungsvirschléi ze ermëttelen?
• Wéi vill Persoune waren insgesamt fir dës Servicer agestallt ginn?
Wéi vill Persoune waren an der leschter Phas virum Stopp vun der Offer nach agestallt?
• Sinn d’Kontrakter vun den Employé(e)ën nom Stopp nach weider gelaf oder krut d’Personal kuerzfristeg gekënnegt?
Falls d’Kontrakter weider gelaf sinn: Wéi laang goufen d’Leit weider beschäftegt, wou goufen se agesat a wéi e Montant u Salairë gouf fir des Phase nom Stopp ausbezuelt?
• Op wéi ee Montant belafen sech d’Personalkäschte fir d’Hotlinen insgesamt?