Etüd LISER zu den Hëllefen vum Staat

De LISER huet am Optrag vun der Chambre des salariés analyséiert, wat fir Grënn et dofir ginn, dass d’Leit Hëllefe vum Staat, déi se ze gutt hätten, net ufroen. Hei geet et zum Bespill ëm d’Allocation de vie chère oder nach d’Subvention loyer. An der Etüd vum LISER gëtt erkläert, dass et fir d’Leit oniwwersichtlech ass, wat fir Hëllefen se ze gutt hätten, et fir d’Leit net einfach ass se unzefroe respektiv, dass d’Leit de Stigma fäerten. Um Enn vun der Etüd gëtt da gesot, dass de STATEC géif un engem Rapport schaffen, deen d’Etüd vum LISER soll weider verdéiwen (Säit 108).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Ressource gëtt de STATEC sech fir dës Etude quantitative?

  2. Wat fir een zäitleche Kader ass sech gesat ginn, fir dës Etude ze maachen an ze publizéieren?

  3. Wäerten d’Ministeren dës Etüd an der Chamber virstellen, wann se bis fäerdeg gestallt ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 440

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt