Et kënnt een op d’Gare mee net an den Zuch

An der parlamentarescher Fro n°7599 hat ech de Mobilitéitsminister gefrot, wéi eng Garë momentan scho konform zum Gesetz vum 7ten Januar 2022 an domat accessibel sinn. Eng accessibel Gare bréngt awer net vill, wann d’Zuchwaggonen net och accessibel sinn. Hei huet een d’Méiglechkeet sech am Viraus beim CFL unzemellen, fir gehollef ze kréien. Et ass awer net kloer, ob Hëllef ëmmer méiglech ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Waggonen (Gesamtzuel an a Prozent ausgedréckt) vun der CFL sinn net accessibel fir Rollstullfuerer:innen a Persounen mat Kutsch?
  2. Wéi vill Waggonen (Gesamtzuel an a Prozent ausgedréckt) kann een duerch eng Ramp accessibel maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7912

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt