Wou ass d’Renovéierung vun der Esplanade Réimech drun?

“Die Esplanade wird endlich neu gestaltet. Der alte Kai wird angehoben und vergrößert. Zudem werden ein neuer Anlegesteg und ein neuer Radweg gebaut.” Dës war am Joer 2016 an engem Wort-Artikel ze liesen, deen iwwert d’Instandsetzung vun der Esplanade zu Réimech bericht. 4 Joer feelt vun der Realiséierung vum Projet all Spuer, d’Gemengeresponsabel wësse selwer net, wéi et weidergeet an de Buergermeeschter vu Réimech hat den 23te Juni ugekënnegt, datt de Projet wuel och dëst Joer net ugefaange wäert ginn. Eenzeg an eleng 2019 goufen op Decisioun vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten 49 Beem op der Esplanade gefält mat der Begrënnung, dass dës an engem schlechten Zoustand wären. Nei Beem goufe keng geplanzt an zanterdeem wierkt d’Esplanade zu Réimech net nëmmen al, mee och plakeg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister fir ëffentlech Aarbechten iwwert den aktuelle Stand vum Projet Esplanade Réimech informéieren? Wou ass een drun mat der Realiséierung a wéi gesäit d’Zäitfënster fir di nächst Joren aus?

  2. Wéini ginn erëm nei Beem op der Esplanade geplanzt? 

  3. Firwat kréie weder d’Gemengeresponsabel zu Réimech, nach de Public Informatiounen iwwert de Fortschrëtt vum Projet?

  4. An deem Zesummenhang: sinn zu Réimech an den nächste Joren eng Ëmgoungsstrooss an/oder alternativ Mobilitéitskonzepter geplangt, fir den Trafic am Stadkär z’entlaaschten, den Zentrum touristesch opzewäerten an d’Loftqualitéit* an de Spëtzenzäiten ze verbesseren?

    *(laut dem Rapport “Réseaux de mesure de la qualité de l’air au Luxembourg” vum Ëmweltministère leien NO2-Wäerter zu Réimech fir d’Joren 2016-2017 am Duerchschnëtt bei 56 Mikrogramm/m3. De järleche Grenzwert gouf an EU-Direktive iwwert d’Loftqualitéit op 40 Mikrogramm/m3 fixéiert.)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2716

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene