eSanté Spionage duerch Russland

Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht iwwert ee Video, an deem déi zu Lëtzebuerg usässeg Firma GCore Verbindunge mat der russescher Regierung weist. Am Video wier ze gesinn, dass den deemolege Chef, de Shurygin, dee fir déi russesch Aktivitéite vun GCore responsabel war, mam russesche Vizepremier Medwedew iwwert eng Ënnerwanderung vu lëtzebuergescher Software diskutéiert. Am Artikel heescht et:
“Eine neue Software für Online-Arztgespräche liefe gut an, sagt Shurygin, sie hätten sie in Luxemburg „eingeführt“. Die Runde lacht. Shurygin hatte einen Sprachwitz gemacht, der nur im Russischen funktioniert: „Eingeführt“ also внедрять ,vnedryat‘, ist doppeldeutig. Es kann auch als „eindringen“ oder „unterwandern“ verstanden werden. Sie hätten also Luxemburg unterwandert. Medwedew sagt: „Ich hoffe im Auftrag des Staates“. Und sie lachen nochmal.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, datt GCore den eConsult fir eSanté (oder liéiert Servicer) entwéckelt huet?

  2. Wei ass séchergestallt, datt d’Gespréicher tëschent Patient an Dokter net vum russesche Staat ofgelauschtert ginn?

  3. Wei eng Garantië ginn et, datt d’Daten vun eSanté tatsächlech just zu Lëtzebuerg hebergéiert ginn? Gouf dozou schonns en Audit gemaach?

  4. Wei eng Schrëtt envisagéiert de Ministère als Suite vun dëse Revelatiounen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7636

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat