Erweiderung vum Flughafe Findel

Den CEO vu Lux-Airport, den Alexander Flassak, huet an engem Interview mam “L’essentiel” vum 26. Abrëll 2025 annoncéiert, datt de Flughafe Findel eng Erweiderung brauch fir mat der aktueller a zukünfteger Croissance eens ze ginn. Mat 5,1 Millioune Passagéier am Joer 2024 huet de Flughafe méi wéi eng Verdueblung vun der Aktivitéit am Verglach zu virun 10 Joer erlieft. Den Här Flassak huet och preziséiert, datt schonns elo d’Kapazitéitsgrenze wärend de Spëtzenzäiten erreecht ginn an datt d’Infrastruktur muss optimiséiert a vergréissert ginn. D’Slot-Limitatioune wärend bestëmmten Zäiten hunn direkt Auswierkungen op d’Allgemeng Loftfaart, sou wéi och op d’Ausbildung vu Piloten. Dës sinn net nëmme wichteg fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft, mee och fir d’Zukunft vun der nationaler Loftfaartkompetenz a fir d’Attraktivitéit vum Findel als regionalen Hub fir d’Groussregioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Pläng leien der Regierung fir d’Erweiderung vum Flughafe Findel vir a wéi eng Budgete sinn dofir virgesinn?

  2. Wéi gedenkt d’Regierung, déi aktuell Slot-Limitatiounen ze bewältegen, besonnesch wärend de Spëtzenzäiten, déi den Här Flassak als Haaptproblematik beschriwwen huet?

  3. Sinn an der Planung vun der Kapazitéitserweiderung och spezifesch Konzepter fir d’Allgemeng Loftfaart virgesinn, fir sécherzestellen, datt och dësen essentiellen Deel vun der Loftfaartaktivitéit genuch Plaz behält?

  4. Goufen et Gespréicher mat de Fluchgesellschaften iwwer eng besser Verdeelung vun de Flich iwwer den Dag fir d’Spëtzenzäiten ze entlaaschten, esou wéi den CEO vu Lux-Airport et als eng theoretesch Méiglechkeet erwäänt huet?

  5. Wat ass d’Visioun vun der Regierung betreffend der Entwécklung vu Laangstreckeflich, déi den Här Flassak als “eng Fro vun der Zäit” bezeechent huet, a wéi eng wirtschaftlech Opportunitéite gesäit d’Regierung doduerch fir eis Lëtzebuerger Loftfaartindustrie?

  6. Den Här Flassak huet erwäänt, datt d’Nuetsflich “nettement augmentéiert” hunn an datt Lux-Airport d’Absicht huet, “d’Zuel vun den Ausnamen ze minimiséieren”. Wéi eng konkret Mesurë plangt d’Regierung fir d’Ofhängegkeet vun Ausname bei Nuetsflich ze reduzéieren, ouni datt d’wirtschaftlech Aktivitéit vum Flughafe beaflosst gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2261

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene