Context:
Dossier parlementaire n°8322 : Projet de loi relative au financement du contrat entre l’État et la Société nationale des chemins de fer luxembourgeois concernant le service de transport de voyageurs par autobus
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- D’Klimakris erfuerdert kuerzfristeg an ambitiéis Mesuren, fir esou séier wéi méiglech e klimaneutralt Liewen a Wirtschaften zu Lëtzebuerg ze erreechen;
- D’Dekarboniséierung vum Transportsecteur ass e wichtege Facteur beim Erreeche vun der Klimaneutralitéit;
- Eng Ëmstellung vu fossillen Energien op erneierbar Ressourcen ass dofir och beim ëffentlechen Transport noutwenneg;
- D’Regierung plangt, d’Busflott vum TICE bis 2030 ze erneieren an déi bestoend Busser duerch Elektrogefierer ze ersetzen;
- D’Zäregaser, déi am Zesummenhang mam Transportsecteur stinn, ginn net nëmme vu Gefierer ausgestouss, déi mat fossille Brennstoffer bedriwwe ginn, mee entstinn och bei der Produktioun vun dëse Gefierer;
- Bei der klimafrëndlecher Erneierung vun de Gefierer vun der Flott vum ëffentlechen Transport, ass et wichteg, drop opzepassen, dass d’Emissiounen, déi duerch d’Uschafung vun engem neien ökologesche Gefier agespuert gi par rapport zu der weiderer Benotzung vun engem ale Gefier, net duerch d’Emissioune bei der Hierstellung vun dem neie Gefier opgehuewe ginn;
- Bei der klimafrëndlecher Erneierung vun de Gefierer vun der Flott vum ëffentlechen Transport, ass et wichteg, drop opzepassen, dass Material-Ressourcen net onnéideg verschwent ginn.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- bei der geplangter Erneierung vun der TICE-Flott bis 2030 eng Approche ze wielen, bei där scho virun 2030 keng nei Busser méi kaf ginn, déi mat fossille Brennstoffer ugedriwwe ginn, mee wou déi nach funktionéierend Biogas-Busser vun der TICE-Flott och iwwert 2030 eraus nach fueren dierfen an eréischt dann duerch nei nohalteg Gefierer ersat ginn, wa si net méi asazfäeg sinn, fir eng Ressourceverschwendung an déi domat verbonnen Zäregasemissiounen ze vermeiden.