Erneierung vun der Policeflott

L’Essentiel huet de 4. Februar 2022 geschriwwen, dass d’Police Grand-Ducal 96 néi dieselgedriwwen Déngschtween vum Modell “Ford S-Max” kaf huet. Dës Acquisitioun soll 4.96 Milliounen Euro kascht hunn, woubäi de järleche Budget fir d’Erneierung vun der Policeflott bei 5.3 Milliounen Euro leie soll. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Entspriechen des Acquisitiounen dem Minister senger Virstellung vun der zukünfteger ökologescher Entwécklung vun der Policeflott?

  2. Wat fir zousätzlech Optiounen fir d’Autoen goufen beim Fournisseur bestallt?

  3. Bei wéi vill Liter pro 100 Kilometer leit de Verbrauch pro voll equipéierten Ford S-Max?

  4. Wei vill CO2 gëtt duerch dës Erneierung zousätzlech pro Joer ausgestouss?

  5. Ass scho gewosst, a wat fir Projeten déi restlech EUR 660.000 investéiert wäerte ginn? 

  6. Wéi vill Policebüroen ginn et am Land a wéi vill dovun sinn equipéiert, fir en elektrëschen Déngschtwon kënnen ze lueden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5749

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene