Erhéijung vun der Subvention de Loyer

Published by Piraten on

D’Piraten hunn sech an der Chamber staark gemaacht, fir de Locatairen am Kader vun der Energie- a Logementskris elo direkt d’Loyerssubventiounen z’erhéijen.

Eis Propose gouf awer vun de Regierungs-Parteien ofgelehnt!

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Opgrond vum aktuelle geopolitesche Kontext sinn d’Präisser fir fossil Energien hei am Land an d’Luucht geschoss;
  • Dës Hausse vun de Präisser belaascht och déi Locatairen, déi elo schonns all Mount klamm bei Keess sinn an déi hier Wunneng mat Gas oder Masutt hëtze mussen. De Staat dierf net zouloossen, dass dës Leit an d’Energieaarmut ofrutschen a Mënschen a kale Wunnengen schlofe mussen;
  • De Staat ënnerstëtzt ekonomesch méi schlecht opgestallten Haushalter mat der Subvention de Loyer an kann iwwert dëse Mechanismus geziilt deene Leit hëllefen, déi d’Suen am meeschte brauchen. D’Hëllef ass sozial gestaffelt nom Akommes vun all Haushalt. Am Staatsbudget si fir dëst Joer ronn 10 Milliounen Euro fir d’Subvention de loyer virgesinn;
  • De Mechanismus vun der Subvention de Loyer ass iwwert groussherzoglecht Reglement vum 9ten Dezember 2015 festgeluecht an ass geegent fir geziilt deene Leit ze hëllefen, déi d’Hëllef elo brauchen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. de besotene grousserzogleche Reglement zur d’Subvention de Loyer bis Enn dës Mounts ofzeänneren.
  2. d’Montante vun der Subvention de Loyer ënnert dem Beibehale vum aktuelle Barème ze verduebelen.

Verlaf an der Chamber


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.