Erhéijung vun de Doutgebuerten zu Lëtzebuerg

Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten (Mortinatalité) zu Lëtzebuerg ginn huet. Dës Zuel entsprécht engem Taux vu ronn 8 Doutgebuerte pro 1.000 Gebuerten – den héchsten Taux zënter 1976. D’Ministesch huet am Bericht uginn: “On observe une augmentation de la mortinatalité les dernières années” an huet sech engagéiert, dëst “plus en détail” ze analyséieren.  Dës Entwécklung ass alarmant, well  • den Taux vu ronn 8 pro 1.000 däitlech iwwert dem europäesche Moyenne vun 3,2 pro 1.000 (Euro-Peristat Donnéeën 2019) läit; • d’Zuelen an de leschte Jore kontinuéierlech eropgaang sinn (2021: 64 Doutgebuerten, 2022: 71 Doutgebuerten, 2023: 80 Doutgebuerten); • déi bescht europäesch Länner (Finnland, Slowenien) en Taux tëscht 1,8 a 2,2 pro 1.000 erreecht hunn; • wëssenschaftlech Etüde weisen, datt bis zu 50% vun de Doutgebuerte vermeidbar sinn duerch Evidenz baséiert Preventiounsprogrammer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch follgend detailléiert Informatiounen zu den 98 Doutgebuerte vum Joer 2024 liwweren: a) Opdeelung no der Schwangerschaftswoch: • Wéi vill Doutgebuerten tëscht 22-27 Wochen? • Wéi vill Doutgebuerten ab 28 Wochen? • Wéi vill Doutgebuerten ab 37 Wochen (bei voll ausgedroener Schwangerschaft)? b) Medezinesch Ursaachen (no ICD-PM Klassifikatioun): • Wéi verdeelen sech d’Ursaachen (z.B. Plazentainsuffizienz, Wuesstemsretard, kongenital Anomalien, Infektiounen, ongekläert Fäll)? • Bei wéi ville Fäll konnt keng kloer Ursaach festgestallt ginn? c) Regional Verdeelung: • Wéi verdeelen sech d’Doutgebuerten op déi véier Maternitéë respektiv Regiounen zu Lëtzebuerg? d) Maternal Demographie a Risikofacteuren: • Opdeelung no Alter vun de Mammen • Opdeelung no Nationalitéit (Lëtzebuerger/EU/Drëttstaaten) • Dokumentéiert Risikofacteuren (Diabetes, Hypertonie, Fëmmen, Adipositas)? e) Timing: • Wéi vill Doutgebuerte sinn antepartum (virun der Gebuert) geschitt? • Wéi vill sinn intrapartum (wärend der Gebuert) geschitt?

  2. Kann d’Ministesch eng vergläichbar Analyse fir d’Joren 2020-2023 liwweren, fir ze verstoen, ob d’Kompositioun vun de Doutgebuerten sech iwwert d’Jore geännert huet?

  3. Huet d’Ministesch schonn Hypotheesen iwwer d’Ursaache vun dëser markanter Erhéijung? Ginn et Ännerungen an de Registréierungsmethoden oder Definitioune vun “Doutgebuert”, déi dës Erhéijung erkläre kéinten? Gëtt et systematesch Differenzen tëscht de véier Maternitéen, wat klinesch Praktiken oder Patienteprofiler ugeet?

  4. Wat sinn déi aktuell Lëtzebuerger Richtlinnen a Protokoller fir d’Detektioun an d’Gestioun vu Risikoschwangerschaften, besonnesch: • Systematesche Screening op fetal Wuesstemsretarden? • Gestioun vu reduzéierte fetale Beweegungen? • Inductiounsprotokoll fir post-term Schwangerschaften (≥41 Wochen)?

  5. Gëtt et zu Lëtzebuerg e systematescht Perinatal Mortality Review System, wou all Doutgebuerten an neonatal Doudesfäll analyséiert gi fir vermeidbar Faktoren z’identifizéieren? Wa nee, firwat net?

  6. Wéi erkläert d’Ministesch d’Diskrepanz tëscht dem Lëtzebuerger Taux vu ronn 8 pro 1.000 an der europäescher Moyenne vun 3,2 pro 1.000?

  7. Huet d’Ministesch schonn eng Evaluatioun gemaach iwwer bewäerte Preventiounsprogrammer aus anere Länner, wéi dem UK Saving Babies’ Lives Care Bundle (20% Reduktioun vun Doutgebuerten erreecht), dem hollännesche PERINED National Perinatal Audit oder dem däneschen a skandinavesche Modell fir e systematesche Screening?

  8. Plangt de Ministère, sech un international Zilsetzungen unzepassen, wéi dem WHO-Zil vun ënner 3,0 pro 1.000 fir High-Income Länner?

  9. Wéini wäert déi versprachen “detailléiert Analyse” vum Ministère virleien?

  10. Plangt d’Regierung d’Entwécklung vun engem Lëtzebuerger Stillbirth Reduction Care Bundle mat moossbaren Zilsetzungen?

  11. Wäerten d’Ressourcen (Budget, Personal, Formatioun) fir d’SUSANA/PERINAT Surveilance System verstäerkt ginn, fir méi detailléiert Donnéeën ze generéieren an eng proaktiv Preventiounspolitik ze erlaben?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3465

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten