Ergänzung vu Steiererklärungen fir Sportler

D’Piraten hunn dem Sportminister an dem Finanzminister eng parlamentaresch Fro iwwert eng Revisioun vun de Steiererklärunge gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Verschidde Steierbüroen am Land hunn an de leschten Deeg e Bréif u verschidde Sportler verschéckt fir dës opzefuerderen hir Steiererklärunge vun 2013 bis 2017 ze verbesseren an ëm d’Akommes aus dem Sport z’ergänzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech den Häre Sportminister a Finanzminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Bréiwer sinn an dëser Aktioun u wéi vill Sportler verschéckt ginn?
  • Op wéi eng Daten hunn sech d’Steierbüroe gestäipt fir d’Empfänger vun de Bréiwer ze bestëmmen?
  • Hunn all Steierbüroen dës Bréiwer verschéckt? Gouf et eng Uweisung aus der Hierarchie dëst ze maachen ? Wa jo, wéini gouf dës Uweisung formuléiert a wien huet se formuléiert ?
  • Wéi vill zousätzlech Recetten versprécht den Här Finanzminister sech vun dëser Aktioun, wëssend datt nëmmen en Akommes iwwer 5.000 € pro Joer besteierbar oss ?
  • Wéi vill huet dës Aktioun d’Verwaltung kascht ? Ech bieden d’Häre Minister dëst opzeschlësselen no Personalkäschten, Portokäschten, Materialkäschten a weidere Käschten.
  • Ass geplangt dës Aktioun op aner Felder, déi duerch d’Circulaire LI.R. n° 91/2 vum 11. Juni 2012 ofgedeckt sinn auszeweiten?
  • Firwat zitéiert de Bréif un d’Sportler just den § 166 AO an net och § 768 (1) AO ? Wien huet den Inhalt vum Bréif erstallt a fräiginn?

Mat déiwem Respekt,

Sven Clement
Deputéierten

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene