Epidemie vu Bronchiolite-Fäll an der Kannerklinik

Lëtzebuerg leit aktuell ënnert eng Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si momentan alleguer beluecht an d’Kapazitéite an der Pediatrie si méi ewéi ausgelaascht. Dowéinst gouf och schonn eng Krisenzell en Place gesat, déi e Plang ausschaffe soll, fir ze kucken, wéi d’Kapazitéiten u pediatresche Better ka kuerzfristeg erop gesat ginn. Des Weidere kënnt et och zu sougenannten Deprogrammatiounen, fir dass pediatresch Chirurgie-Interventiounen, déi net urgent sinn, verréckelt gi.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn opgrond vun de komplett beluechte Better an den iwwerlaaschte Kapazitéiten an der Pediatrie krank Kanner op aner Statiounen transferéiert?

  2. Wat gëtt gemaach fir kuerzfristeg méi pediatresch Better zur Verfügung ze stellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7214

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat