Entwécklung vun der ëffentlecher Sécherheet a Kriminalitéit zu Lëtzebuerg

A menger parlamentarescher Fro n°1259 haten d’Ministere mir Donnéeë geliwwert zur Unzuel un Infraktiounen op verschiddene Plazen hei am Land. Zu Réimech gouf viru kuerzem op Kamera festgehalen, wéi zwee Kläpper eng aner Persoun zesummegeschloen, um Buedem mat Féiss getrëppelt an him seng Wäertsaache geklaut hunn. Mir goufen och Zeieberiichter vun engem anere Fall zougedroen, an deem Persoune mat Waffen zu Réimech geschoss sollen hunn. Dës Beispiller sinn nëmmen zwee vu villen, déi op verschiddene Plazen hei am Land all Dag stattfannen.  D’Situatioun am Land schéngt sech allgemeng net ze berouegen. De Rekrutement vu méi Poliziste soll d’Schlagkraaft vun der ëffentlecher Hand verstäerken, fir dass de Rechtsstaat weiderhi beschtméiglech funktionell bleift. Ob dat awer duer geet, bleift ofzewaarden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung den nämmlechten Tableau virleeën, wéi an der Äntwert op d’Fro n°1259, dëst fir d’Joren 2019 bis 2022 fir d’Gemengen Réimech, Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg (Stater Gare eenzel), Déifferdeng, Péiteng, Dikrech, Ettelbréck a Wooltz? 
  2. Huet d’Justiz Donnéeën iwwert d’Widderhuelungstäter bei Infraktioune wéi Déifstall, Iwwerfäll an Uwendung vu Gewalt? Aneschters gefrot, a wéi ville Fäll hu scho verurteelt Persounen an deene leschten 10 Joer op mannst eng Recidive fir Déifstall, Iwwerfäll a Gewalt begaangen?
  3. Hunn d’Ministere Kenntnis dovunner, ob zu Réimech an de leschte Méint Fäll vun illegale Waffegebrauch passéiert sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7125

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene