Entwécklung vun den Offices sociaux

Zënter Jore klëmmt den Aarmut zu Lëtzebuerg, dat weisen national an europäesch Statistiken. Dëst mécht et néideg, dass de Staat méi muss agräifen, fir de betraffene Leit a Familljen ënnert d’Äerm ze gräifen. Eng Ulafstell, wou Leit sech solle mellen, ass den Office Social an hirer Gemeng oder Regioun. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi hunn sech d’Käschte fir de Staat fir d’Finanzéierung vun den Offices Sociaux iwwert 2015, 2020 an 2025 entwéckelt?

  2. Wéi hunn sech d’Käschte fir d’Gemenge fir d’Finanzéierung vun den Offices Sociaux iwwert 2015, 2020 an 2025 entwéckelt?

  3. Wéi vill ass de Personalbestand bei den Offices Sociaux vun 2015, iwwert 2020 bis d’Joer 2025 erop gaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2466

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt