Entretien vun de Vëlospisten

Verschidde Vëlospisten hei am Land sinn nach net duerchgängeg befuerbar an et feelen op verschiddene Plazen geséchert Vëlosweeër. Des Weideren gëtt mer vu Vëlosfuerer zougedroen, dass plazeweis d’Weeër net propper sinn an Rutschgefor besteet, well d’Weeër net propper sinn. 

Am Gesetz vum 28 Abrëll 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux ass am Artikel 6 festgehalen, dass d’Gemengen fir den Entretien zoustänneg sinn. Falls dat net gemaach gëtt, kann de Staat et maachen an dat der Gemeng a Rechnung stellen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi oft huet de Staat enger Gemeng den Entretien vun engem Vëloswee a Rechnung gestallt (opgelëscht no Joer)?
  2. Wéi ginn d’Vëlospisten op hir Fuertauglechkeet a Sécherheet kontrolléiert a vu wiem?

Fro n°1458

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt