Entloossung no Kritik un Iwwerschwemmungsmanagement: Staatlech Kontrakter mat RSS-Hydro

Wéi aus engem Artikel um Site vum 100,7 vum 30.05.2022 ervir geet, soll e Mataarbechter vun der Firma RSS-Hydro gekënnegt kritt hunn, nodeems hien sech an de Medien ëffentlech a kritesch géint d’Regierungshandele wärend den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 geäussert hat. D’Kënnegung soll zustane komm sinn, well de Patron vun der Firma evitéiere wollt, ënnert politeschen Drock ze kommen a seng aner Mataarbechter do virdrunner schütze wollt. Besonnesch fragil vis-à-vis vu politeschem Drock sinn Entreprisen dann, wann se kontraktuell Relatioune mat Ministèren ënnerhalen an eventuell fäerte mussen, dass hier Geschäftsbezéiungen net weidergefouert wäerte gi bei vun der politescher Linn ofwäichendem Verhalen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Ministèren ënnerhale Geschäftsbezéiunge mat RSS-Hydro (oder hunn an der Vergaangenheet Geschäftsbezéiungen ënnerhalen)? Falls et Kontrakter gëtt/gouf: Wéi vill Suen huet de Staat fir Prestatioune schonn un RSS-Hydro bezuelt a wéi e Montant steet nach aus duerch eventuell nach lafend Kontrakter?

  2. Huet RSS-Hydro staatlech Subsiden, Primmen oder Aiden erhalen oder lafen aktuell Demandë vun RSS-Hydro fir staatlech Subsiden, Primmen oder Aiden? Falls jo: Ëm wéi eng Subsiden, Primmen oder Aiden an em wéi eng Montanten handelt et sech?

  3. Huet de Staat Kontakter mat internationalen Organisatioune vermëttelt oder facilitéiert fir RSS-Hydro?  Falls jo: Wei eng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6266

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen