Enquête vum Service de lutte contre les abus et la fraude vun der Gesondheetskees

D’CNS huet hire Service de lutte contre les abus et la fraude (LAF) opgestockt. Offiziell sichen si net no eenzele Fäll, wou ongewollt e Feeler geschitt ass, mee systematesch no Persounen oder Entitéiten, déi de System abuséiere wéilten. Et gouf un eis eru gedroen, dass eng ganz Rei Leit elo vun der Gesondheetskeess e spezielle Bréif kritt hätten. An dem Bréif ass e Questionnaire, deen als allgemeng Ëmfro betitel gëtt. An dësem Questionnaire ginn ënner anerem gefrot, ob et sech bei engem Dokter ëm deen Dokter handelt, bei deen den Assuré géing goen oder och, ob hien op engem gewëssen Datum e Rendez-vous bei engem bestëmmten Dokter gehat hätt. Fir d’Assuréeën ass aus dem Questionnaire awer net direkt ersiichtlech, dass et sech dobäi ëm eng offiziell Enquête handelt, déi grouss Konsequenzen no sech zéie kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Misst de Patient bei esou enger Enquête net direkt doriwwer informéiert ginn, dass et sech dobäi ëm eng offiziell Enquête handelt an dowéinst och iwwert seng Rechter beléiert ginn?
    • Wa jo, firwat gëtt dat net nach gemaach?
    • Wa nee, firwat gëtt dëst net gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8003

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen