Enquête administrative vun der IGP betreffend der Recrutementsprozedur 2021

A menger parlamentarescher Fro n°3754 an 3444 vum leschte Joer hat de Minister mir Detailer zu der Rekrutementsprozedur bei der Police geliwwert. A senger Äntwert op d’Fro n°3444 hat de Minister bestätegt, dass eng Rei Kandidaten eng Reklamatioun bei der Generalinspektioun vun der Police (IGP) agereecht hunn, well si Problemer bei der Rekrutementsprozedur festgestallt hunn. Mir ass zu Ouere komm, dass d’IGP an deem Zesummenhang eng Enquête administrative ofgeschloss huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister dës Enquête, an anonymiséierter Form, verëffentlechen? Falls nee, firwat net?

  2. Kann de Minister der zoustänneger Chamberskommissioun Abléck an dës Enquête ginn? (am Aklang mam Arrêt “Clement” vun der Cour Administrative vum 26te Januar 2021)

  3. Wéi steet de Minister generell zu enger anonymiséierter Verëffentlechung vun esou Decisioune vun der IPG, esou wéi et och bei den Urteeler vun der Justiz gemaach gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5536

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023