Ënnerwee a Richtung “Fifty-fifty-Demokratie”

Lëtzebuerg ass zanter gutt 150 Joer en Awanderungsland, nodeems mir wärend engem gudden Deel vum 19. Joerhonnert zegdausend Leit duerch Auswanderung verluer haten. Eis Siderurgie, zum Beispill, déi d’Basis fir de nationale Wuelstand geluecht huet, wär net ëntstan ouni däitsch Ingenieuren an italienesch Aarbechter.
D’italienesch Awanderung huet nom 2. Weltkrich staark un Intensitéit verluer. An de 60er a méi nach an de 70er Joren huet dunn eng staark Immigratioun aus Portugal ugefaang, déi bis haut undauert. An de leschte Joren kommen och ëmmer méi Fransousen bei eis wunnen. An der d’Stad, wou den Auslännerundeel logescherweis méi héich ass wéi am nationalen Duerchschnëtt, liewen haut méi Fransouse wéi Portugisen.
Den 1. Januar 2021 hat Lëtzebuerg ronn 634.700 Awunner, dorënner 335.300 Lëtzebuerger an 299.400 Auslänner : 94.300 Portugisen, 48.500 Fransousen, 23.500 Italiener, 19.600 Belsch an 12.800 Däitscher, fir just d’Haaptnationalitéiten ze nennen (statistesch gesinn). Lëtzebuerg ass ënnerwee a Richtung “Fifty-fifty-Gesellschaft”, also eng Gesellschaft, wou Leit mat lëtzebuergeschem Pass nach just t’Hallschent vun der Bevëlkerung duerstellen.
An enger “Fifty-fifty-Gesellschaft” kann ee ganz gutt liewen, mee gëllt dat och fir d’”Fifty-fifty-Demokratie”, déi mir da sinn? Wa 50% vun den Awunner de facto vun den nationale Walen ausgeschloss sinn, ass dat weder gutt nach richteg. Och bei de Gemengewale sinn si nach laang net gutt vertrueden. Hei missten zum Beispill d’Modalitéiten, fir sech op d’Wielerlëschten anzedroen, radikal vereinfacht ginn.   

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene