Ënnerstëtzung vu grouse Sportsmanifestatioune

Den Tour de Luxembourg 2024 war eng exzellent Publicitéit fir de Vëlosport an eng formidabel Publicitéit fir d’Promotioun vun eisem Land. Och eis lëtzebuerger Ekipp huet eng gutt Leeschtung gewisen a mat enger staarker Performance op sech opmierksam gemaach. Den Tour de Luxembourg gouf op 3 vu 5 Kontinenter an an insgesamt 126 Länner iwwerdroen – eng grouss Bün fir eist Land an an Absënns fir de ganzen Tourismussecteur.

Deemnächst wäert mat den Tennis Masters dat nächst grousst Sportevent an der Coque stattfannen – wou den internationalen Dammentennissport an Evidenz gesat gëtt an eist Land eng weider international Visibilitéit kritt. Béid Sportsmanifestatioune vertriede souwuel de Slogan „Visit Luxembourg“ wéi och d’Signatur “Luxembourg – Let’s make it happen”. 

  1. Wéi vill finanziell Ënnerstëtzung hu béid Organisateuren an de Joren 2022 an 2023 fir déi jeeweileg Manifestatioune vum Staat kritt?
  2. Wéi héich wäert des staatlech finanziell Ënnerstëtzung am Joer 2024 sinn?
  3. Wéi gesäit d’Regierung d’Evolutioun vun der finanzieller Participatioun vum Staat an den nächste Joren – dëst op Grond vun der internationaler Visibilitéit vu béide Sportsmanifestatiounen?
  4. Gedenkt d’Regierung hir Participatioun weider ze erhéijen am Sënn vun der Promotioun vun eisem Land?
    Wa jo, ëm wéi vill soll déi finanziell Ënnerstëtzung par Rapport zu 2024 erhéicht ginn?
  5. Plangt d’Regierung fir an Zukunft nach aner grouss international Sportsmanifestatiounen hei zou Lëtzebuerg mat „Visit Luxembourg“ an “Luxembourg – Let’s make it happen” promouvéiert ginn,  finanziell ze ënnerstëtzen, fir esou international op grousser Bün Reklamm fir eist Land ze maachen?Wa jo, wéi eng Sportsmanifestatioune wieren dat?

Zesummenhang posts

De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, huet e Geriichtsprozess géint de Gesondheetsministère gewonnen. D’Verwaltungsgeriicht huet entscheet, datt hien d’Recht huet, en Abléck an